Dauerkaart an Gold - Silver - Bronze Memberschaft

26th August 2024

club logo

BBC Etzella Ettelbruck

Léif Frënn vum BBC Etzella Ettelbréck,
An der Summerpaus bereede mir eis ëmmer op déi nei Saison fir.

Ab elo kënnt Dir är DAUERKAART fir 120€ fir d’Saison 2024-25 bestellen.

Bei der GOLD – SILVER – BRONZE Memberschaft ginn et dës Saison méi Verännerungen.
Nieft enger personaliséierter Memberskaart (GOLD a SILVER) hutt Dir d’Méiglechkeet vu verschidde Virdeeler ze profitéieren. Déi genau Lëscht vu Virdeeler fannt Dir en Annexe.

Fir är DAUERKAART oder GOLD – SILVER – BRONZE Memberschaft ze reservéieren, respektiv ze verlängeren, schéckt w.e.g eng Mail op info@etzella.lu mat ärem Numm + Virnumm + Adress an dem Vermierk: „Dauerkaart 2024-25“ oder „GOLD / SILVER / BRONZE MEMBERSCHAFT“ oder maacht är Bestellung iwwert eise Site an iwwerweist dee jeeweilege Betrag op ee vun eise Konten virum 10. September 2024.

BCEE : LU41 0019 3500 0001 4000
BIL : LU09 0027 1128 8330 0000

Äer Kaart kënnt Dir an der Entréeskeess op engem vun den Heemmatcher ofhuelen.

Mir soen Iech Merci fir är Ënnerstëtzung a freeën eis Iech rëm am September an der Hal ze begréissen an hoffen ob eng spannend a flott Saison 2024-25.

De Comité vum BBC Etzella Ettelbréck

Lettre_Membres_2024-25.pdf